Kultur

Kultur

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
00:00
00:00

Samenvatting van de aflevering

De Weekend feiert de bekannte Paräisser Club La Station eng vu senge leschte Partien a sengem aktuelle Gebai. Duerno steet fir dës Paräisser Institutioun eng ongewëss Zäit un. La Station ass awer net deen eenzege Club, deen dëst Joer zu Paräis seng Dieren zoumaache muss. Alternativ a queer Espacë ginn et an der franséischer Haaptstad ëmmer manner. De Max Tholl war virum Closing nach eemol laanscht kucken.

Afleveringen

5925-

D'Clubstierwen zu Parais - La Station

De Weekend feiert de bekannte Paräisser Club La Station eng vu senge leschte Partien a sengem aktuelle Gebai. Duerno steet fir dës Paräisser Institutioun eng ongewëss Zäit un. La Station ass awer net deen eenzege Club, deen dëst Joer zu Paräis seng Dieren zoumaache muss. Alternativ a queer Espacë ginn et an der franséischer Haaptstad ëmmer manner. De Max Tholl war virum Closing nach eemol laanscht kucken.

30 okt. 2026
5924-

Filmkritik: "La Gradiva"

De Coming-of-Drama beschäftegt sech mam Magma vun de jugendleche Gefiller wärend engem Neapel-Ausfluch. Et ass den Debutfilm vun der franséischer Realisatrice Marine Atlan. Eng Kritik vum Michel Delage.

30 okt. 2026
5923-

Firwat koumen all déi afrikanesch Boxer op Lëtzebuerg?

A sengem ganz perséinlechen Documentaire "Boxing Stories" erzielt den Alain Tshinza d'Geschicht vum Boxsport zu Lëtzebuerg a besonnesch am Minett. Virun allem exploréiert hien d'Wuerzele der kongoleesescher Diaspora hei am Land. E Gespréich mam Michel Delage.

30 okt. 2026
5922-

Dräi Hobbydetektiven op der Sich no engem Mäerder

E Mord am eegene Wunngebai gëtt fir dräi Noperen zu New York den Ufank vun enger ongewéinlecher Frëndschaft – an engem True-Crime-Podcast. Am Serientipp stellt d'Alannah Meyrath d'Serie Only Murders in the Building vir an erkläert, wat se esou spannend a gläichzäiteg witzeg mécht.

29 okt. 2026
5921-

"Nous aussi" vun der Anne Godard

Der Anne Godard hire Roman "Nous aussi" huet als ee vun de Favoritte vum Prix Goncourt gegollt. Leider huet en et net an déi lescht Selektioun vum prestigiéise Präis gepackt, wéi den Dënschde verkënnegt gouf. Op genee deem Dag huet en awer een anere Präis kritt: de Prix Décembre. De Jeff Schinker ass haut beim Marc Clement am Studio, fir eng Analyse vun der Shortlëscht vum Goncourt a vum Roman "Nous aussi" ze maachen.

29 okt. 2026